FREQUENTLY ASKED QUESTIONS

FAQ - Header image
FAQ - Header image

Bass du Zeien oder Affer vu Gewalt ginn? Du wëlls wëssen, wéi s du dech an esou enger Situatioun verhalen solls?

Hei fënns du d'Äntwerten!

Allgemeng

Gewalt ass strofbar.

Hues du schonn eemol erlieft, dass ee Frënd oder eng Frëndin, ee Klassekomerod oder eng Klassekomerodin, oder een anere Jugendlechen, deen s du vläicht mol net kenns, vun anere Jonken ugegraff oder geschloe gouf? Waars du vläicht souguer scho selwer Affer vu Gewalt?

Esou Iwwergrëffer sinn eng Strofdot. Si kënne mat héije Geldstrofen oder, ofhängeg dovun, wéi schlëmm d'Dot war, souguer mat Prisong bestrooft ginn. Zousätzlech kann d'Affer iwwert d'Geriicht Schmäerzensgeld vum Täter fuerderen. Op den Täter/d’Täter kënnen och nach aner Konsequenzen duerkommen, wéi zum Beispill ee Schoulverweis oder d'Beschlagnamung vum Handy.

Dacks kënnt nach dobäi, dass Zeien d'Dot filmen an dee Video dann un anerer viruschécken oder an de soziale Medien deelen. Dat mécht d'Situatioun fir d'Affer och no der Dot natierlech nach schlëmmer. Esou Videoen ze maachen an ze verbreeden ass dowéinst och verbueden. Och hei riskéiert een ënner anerem eng Geldstrof. Iwweregens: Dat gëllt och fir d'Viruschécken oder Deele vun esou Videoen, déi een net selwer gefilmt huet, mee déi ee vun anere geschéckt kritt huet.

Amplaz bei engem Iwwergrëff, bei deem Gewalt ugewent gëtt nozekucken, sich onbedéngt Hëllef, ouni dech selwer a Gefor ze bréngen. Well just wann s du Hëllef frees, zum Beispill bei der Police, kann och eppes gemaach ginn. Wéi genau dat funktionéiert, kanns du hei noliesen (Rubrik Zeien). Wien net hëlleft, riskéiert sech iwweregens der sougenannter “ënnerloossener Hëllefsleeschtung” schëlleg ze maachen.

Du bass Affer

Wéi s du dech richteg verhale solls.

Natierlech sollt een ëmmer probéieren, sech net a Gefor ze bréngen. Wann sech allerdéngs eng geféierlech Situatioun ukënnegt an onvermeidbar schéngt, da solls du onbedéngt direkt d'Police um 113 uruffen. Wann s du keng Méiglechkeet hues ze telefonéieren, da maach d'Leit ronderëm op dech opmierksam a ruff ëm Hëllef. Am Beschte schwätz du eng Persoun direkt mam Numm un oder riffs zum Beispill: “Du, mam bloe Pullover, ruff d'Police”.

D'Police ass dofir do, fir dir ze hëllefen, wann s du a Gefor bass. Wann s du den Noutruff 113 wiels, kënnen d'Polizisten a Polizistinne bannent kierzter Zäit do sinn an agräifen.

Du goufs scho selwer Affer – wat elo?

Du bass net eleng! Et gëtt vill Leit, déi dir hëllefe wëllen. Allerdéngs geet dat nëmmen, wann se och Bescheed wëssen, datt eppes ass. Et ass dofir wichteg, dass du dech un eng Vertrauenspersoun riichts an dech hir uvertrauts. Dat kënnen deng Elteren, Frënn, d'Léierpersonal oder de Service psycho-social et d'accompagnement scolaires (SePAS) an denger Schoul sinn oder eng aner erwuesse Persoun, déi s du kenns an där s du vertraus.

Fir dass eppes géint den Täter/d'Täter ka gemaach ginn a Schrëtt an d'Weeër geleet kënne ginn ass et ausserdeem wichteg, dass d'Police informéiert an eng Plainte gemaach gëtt.

Falls et ee Video vum Ugrëff gëtt, da späicher deen a weis en der Police - e kann nämlech ee wichtegt Beweismëttel sinn.

Eng Plainte maachen – wéi funktionéiert dat?

D'Police ass do, fir dir ze hëllefen. D'Polizisten a Polizistinne kennen sech genau aus a wëllen, dass dir an och anere Jugendlechen an Zukunft keng Gefor méi dreet.

Wann s du ugegraff gi bass, kanns du dech ëmmer un d'Police um 113 riichten. Hei kanns du zu all Auerzäit ee Mataarbechter oder eng Mataarbechterin vun der Police erreechen, deen oder déi dir dann déi weider Demarchen erkläert.

Dat muss du natierlech net eleng maachen. Du kanns d'Police och zesumme mat dengen Elteren, Frënn, mat engem Member vum Léierpersonal oder enger anerer Vertrauenspersoun kontaktéieren.

All d'Informatioune mussen an enger offizieller Auditioun festgehale ginn. Dofir gëtt ee Rendez-vous mat der Police ausgemaach. Bei dësem Treffe stellt d'Police dir dann eng Rei un Froen, wéi zum Beispill:

  • Wat ass genau geschitt?
  • Wou a wéini ass et geschitt?
  • Wéi vill Täter waren et?
  • Wéi hunn d'Täter ausgesinn?
  • Weess du, wien et war oder kenns du Persounen, déi mat dem Täter/d'Täter befrënnt sinn?
  • Wee war nach do? Gëtt et Zeien?

Mee och wann s du déi Saachen net all weess, zéck net, dech bei der Police ze mellen, well nëmmen esou kann eppes géint den oder d'Täter ënnerholl ginn. Wann d'Police all déi noutwenneg Informatioune vun dir huet, kënnen zum Beispill Ermëttlunge géint d'Täter ageleet ginn.

Du bass Zeien

Wéi s du dech richteg verhale solls.

Virun dengen Ae gëtt ee Jugendlechen ugegraff. Wat maachen? Elo gëllt et ze handelen, awer ouni dech selwer a Gefor ze bréngen. Mell dech direkt bei der Police um 113. Bannent e puer Minutte kënne Polizisten a Polizistinnen do si fir ze hëllefen. Wann s du keng Méiglechkeet hues, fir selwer ze telefonéieren, da kanns du och een anere froen, fir dat ze maachen.

Ausserdeem wier et gutt, wann s du dir esou vill Informatioune wéi méiglech iwwert den oder d'Täter verhäls, zum Beispill wéi hien oder si ausgesinn. Dës Informatioune kënne fir d'Police herno nëtzlech sinn.

Nëmme wann s du eppes méchs, kann dem Affer gehollef ginn.

Du kenns een, den ugegraff gouf – wat elo?

Een Ugrëff mat Gewalt ka fir d'Affer schwéier a laangfristeg Follgen hunn. Nieft kierperleche Verletzunge geet et der Persoun och emotional a mental net gutt an si fillt sech warscheinlech verängschtegt, erniddregt an traureg.

Wann eng Frëndin, ee Frënd oder een aneren sech un dech riicht an dir uvertraut, wat geschitt ass, dann ass et wichteg, dass du hir oder him nolauschters a versichs, si oder hien ze ënnerstëtzen. Rot hir oder him, d'Police ze kontaktéieren. Dëst kann een entweder bei de verschiddene lokale Policebüroen (police.public.lu) oder iwwert den 113 maachen. Dir kënnt dat och zesumme maachen oder du informéiers d'Police selwer. Du kanns natierlech och engem Erwuessenen, zum Beispill dengen Elteren, dem Léierpersonal oder enger anerer Vertrauenspersoun Bescheed soen oder si ëm Hëllef froen.

Vläicht kenns du d'Affer och guer net perséinlech, mee hues nëmme vum Ugrëff héieren oder ee Video dovunner gesinn. Wann s du an engem Video vun der Dot eng Persoun erkenns oder souguer perséinlech kenns, da mell dech bei der Police. Nëmme sou kann dem Affer gehollef an den oder d'Täter gefaasst ginn. Späicher de Video, fir der Police en ze weisen.

Wann s du keen am Video kenns, da verbreet en net weider, mee läsch en. Maach och d'Persoun, déi dir de Video geschéckt huet drop opmierksam, dass een dat net dierf. D'Filmen a Verbreede vu Biller vun esou Iwwergrëffer ass nämlech verbueden! (Rubrik “Gewalt ass strofbar”). Dat gëllt och fir d'Weiderschécken oder d‘Deele vun esou Videoen, déi een net selwer gefilmt huet, mee déi ee vun anere geschéckt krut.

Eng Plainte maachen – wéi funktionéiert dat?

D'Police ass do fir ze hëllefen. D'Polizisten a Polizistinne kennen sech genau aus a wëllen, dass dem Affer, awer och anere Jugendlechen, an Zukunft keng Gefor méi dreet.

Wann s du vun engem Ugrëff matkritt hues, kanns du dech ëmmer un d' Police um 113 wenden. Hei kanns du zu all Auerzäit eng Mataarbechterin oder e Mataarbechter vun der Police erreechen, déi/deen dir dann déi weider Demarchen erkläert.

Du muss dat natierlech net eleng maachen. Du kanns och mat dengen Elteren, Frënn, engem Enseignant oder enger anerer Vertrauenspersoun zesummen d'Police kontaktéieren.

All d'Informatioune mussen an enger offizieller Auditioun festgehale ginn. Dofir gëtt ee Rendez-vous mat der Police ausgemaach, bei deem d'Police dir dann eng Rei Froe stellt. Zum Beispill:

  • Wat ass genau geschitt?
  • Wou a wéini ass et geschitt?
  • Wéi vill Täter waren et?
  • Wéi hunn se ausgesinn?
  • Weess du, wien et war oder kenns du Persounen, déi den oder d‘Täter kennen?
  • Wie war nach do? Gëtt et nach aner Zeien?


Mee och wann s du déi Saachen net all weess, zéck net, dech bei der Police ze mellen, well nëmmen esou kann eppes géint den Täter/d'Täter ënnerholl ginn. Wann d'Police all déi noutwenneg Informatioune vun dir huet, kënnen zum Beispill Ermëttlunge géint d'Täter ageleet ginn.

Du bass Elterendeel

Wéi s du dech richteg verhale solls.

Gewalt ënner Jugendlechen, bei där jugendlech Täter et op een oder méi Affer ofgesinn hunn, ass keen neien, duerfir awer Phänomen, deen sech reegelméisseg widderhëlt. Et muss heibäi keng Verbindung oder Virgeschicht tëschent Täter an Affer ginn – d'Affer kënne komplett zoufälleg ausgewielt sinn.

Oft gëtt d'Affer net nëmme blesséiert, mee zousätzlech dozou och nach gefilmt. Duerno ginn d'Opnamen ënnert de Jugendleche weidergeleet, wat niewent grave psycheschen Auswierkungen op d'Affer och negativ Auswierkungen op aner Jugendlecher kann hunn, déi ëmmer rëm mat esou Biller konfrontéiert ginn. Aus deem Grond erënnere mir drun, dass d'Ophuelen an d'Verbreede vun esou Videoe verbueden ass. (Rubrik “Gewalt ass strofbar”) Dat gëllt och fir d'Weiderschécken an d'Deele vu Videoen, déi een net selwer gemaach huet, mee déi ee vun anere geschéckt krut.

Wat kënnen Elteren maachen?

Huelt Iech all Dag Zäit, fir mat Ärem Kand ze schwätzen. Et ass wichteg, dass Äert Kand weess, dass et zu all Ament seng Gedanken, Erliefnesser, Gefiller a Suerge mat Iech deele kann. Respektéiert a berouegt Äert Kand, wann et Iech vu schlechten Erfarungen a schwéiere Momenter aus sengem Alldag erzielt. Dat mécht et Ärem Kand méi einfach, Informatioune mat Iech ze deelen a seng Erfarungen auszetauschen.

Ausserdeem ass et wichteg, dass Äert Kand weess, wéi et sech an enger geféierlecher Situatioun oder am Fall, wou et Zeie vun enger Aggressioun gëtt, ze verhalen huet.

  • Beschwätzt zesummen, dass et wichteg ass, dass Äert Kand direkt iwwert den 113d'Police alarméiert, wann eng akut Bedroung oder Gefor besteet, sief et fir sech oder fir anerer.
  • Erkläert Ärem Kand, dass et wichteg ass ze hëllefen, ouni sech selwer a Gefor ze bréngen. D'Police oder d'Léierpersonal ze informéieren ass scho gehollef.
  • Nëmme wann d'Police informéiert ass, ka si agräifen. Erkläert Ärem Kand, dass d'Police do ass fir ze hëllefen. Äert Kand kann dozou bäidroen, datt eppes géint d'Täter kann ënnerholl ginn a weider Aggressioune kënne verhënnert ginn.


Wann Äert Kand vun enger méiglecherweis geféierlecher Situatioun erzielt, da probéiert fir d'éischt roueg ze bleiwen an Äert Kand ze berouegen. Weist him, dass et elo a Sécherheet ass, lueft Äert Kand fir seng Éierlechkeet an dofir, dass et sech Iech uvertraut huet, a maacht him op kee Fall Virwërf.

Wann Äert eegent Kand ugegraff gouf, kontaktéiert esou séier wei méiglech e Policebüro vun Ärem Choix (police.public.lu) fir eng Plainte ze maachen. Erkläert Ärem Kand, dass d'Police do ass fir ze hëllefen a wéi ee Gespréich mat der Police ofleeft. Informatiounen dozou kënnt Dir hei (Rubrik „Du bass...“ – Onglet „Affer“) noliesen oder op dem Internetsite vun der Police ënnert dësem Link (police.public.lu). Sollt esou ee Virfall am Ëmfeld vun der Schoul geschitt sinn oder ee Matschüler involvéiert sinn, dann informéiert och d'Direktioun vun der Schoul. Falls et ee Video gëtt, da späichert e fir en der Police als Beweismëttel zur Verfügung ze stellen.

Wann net Äert eegent Kand, mee een anert Kand Affer vun esou engem Virfall ginn ass, da sicht d'Gespréich mat den Eltere vum betraffene Kand, falls Dir se kennt, a rot hinnen, d'Police ze kontaktéieren. Informéiert zousätzlech d'Léierpersonal, wann de Virfall mam schouleschen Ëmfeld ze dinn huet. Natierlech kënnt Dir Iech och selwer bei der Police mellen.

Wann eng akut Gefor, Menace oder soss eng Urgence besteet, dann alarméiert d'Police direkt um 113.

Ulafstellen:

Contact Points - Pink Sticker

Den Noutruff vun der Police - 113

Wann eng akut Gefor, Menace oder soss eng Urgence besteet, dann alarméiert d'Police direkt um 113. D'Police steet Iech 24/24 Stonnen a 7/7 Deeg zur Verfügung. Am Noutfall kann d'Police bannent kierzter Zäit do si fir anzegräifen an ze hëllefen.

Policebüroen

Fir all Demarche, bei där keng direkt Interventioun vun der Police op der Plaz néideg ass, kënnt Dir Iech un ee Policebüro vun Ärem Choix wenden. Wien eng Plainte wëll maachen, sollt am beschten e Rendez-vous ausmaachen. D'Lëscht mat all de Policekommissariater fannt Dir hei

Parquet, Service de Protection de la Jeunesse

Du kanns zu all Ament beim zoustännege Parquet (Lëtzebuerg/Dikrech) eng Plainte maachen. De Parquet beoptraagt da gegeebenefalls ënner anerem d'Police mat enger Enquête. All déi noutwenneg Informatiounen dozou fënns du hei:

SePAS an SSE

An all Schoul gëtt et déi psychologesch, sozial an edukativ Servicer (SePAS/SSE), un déi sech Schüler an Eltere vertraulech wende kënnen. D'Psychologen, Assistants sociaux an Educateure begleeden an ënnerstëtze Schüler an Elteren, informéieren se iwwert hir Rechter a Schutzmoossnamen a fanne gemeinsam mat deene Concernéierte vollkommen transparent Léisungen. Zousätzlech zu deenen eenzele Prises en charge engagéieren sech de SePAS an den SSE a lokalen a nationale Preventiounsprogrammer a bedeelege sech un der Entwécklung vun enger Schoulkultur, déi d'Wuel vum Schüler an de Mëttelpunkt stellt.

Office national de l'enfance

Den Office national de l'enfance (ONE) a seng regional Büroe bidde Kanner, Jugendlechen, jonken Erwuessenen an hire Famillen Hëllefsmoossnamen an Ënnerstëtzung un, déi op déi individuell Situatioun vun de Beneficiairen zougeschnidde sinn. Den ONE finanzéiert, niewent anere Mesuren, och länger Psychotherapien a psychologesch Consultatioune fir Zeien, Affer an Täter vu Gewalt. Och d'Famillje vun de Beneficiairë kënne vun der Offer vum ONE profitéieren.

Kanner- a Jugendtelefon

De Kanner- a Jugendtelefon ass ee Berodungsservice fir Kanner a Jugendlecher. D’Berodung kann iwwer Telefon, Mail oder Chat stattfannen. Jonk Leit kënnen sech gratis, anonym a vertraulech hei mellen, fir hir Froen ze stellen an iwwer hir Suergen ze schwätzen. Och Eltere kënnen sech anonym a vertraulech beim Kanner- a Jugendtelefon berode loossen.

BEE SECURE

BEE SECURE ass eng Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung, déi vum Service national de la jeunesse (SNJ) an dem KJT ëmgesat gëtt. Hiert Zil ass d’Promotioun vun engem méiglechst sécheren, verantwortungsvollen a positivem Ëmgang mat neien Technologien. BEE SECURE verëffentlecht ënner anerem Informatiounsbroschüren a praktesch Guidë fir Kanner, Jugendlecher an hiert Ëmfeld. BEE SECURE stellt dës Informatiounen iwwert hir Internetsäiten, sozial Netzwierker an d’Press zur Verfügung. Ausserdeem bitt d’BEE SECURE-Stopline alle Leit d’Méiglechkeet, Zivilcourage ze weisen an illegal Inhalter um Internet ze mellen, egal ob et Texter, Biller, Videoen a sozialen Netzwierker, Foren, Blogs, oder op Internetsäite sinn.